Retromania
Georges-Arthur Goldschmidt: Grenzgänger tëschent zwou Kulturen
6 min
Hien ass Däitschen an och keen. Hien ass Fransous an och keen. De Schrëftsteller an Iwwersetzer Georges-Arthur Goldschmidt reest scho säi ganzt Liewe laang tëschent zwou Welten an zwou Sproochen hin an hier. Vun der Nationalitéit hier an als Intellektuellen ass hie franséisch, awer seng Séil ass a bleift däitsch, esou definéiert de Goldschmidt sech selwer als Grenzgänger tëschent der däitscher a franséischer Kultur. De Goldschmidt huet sech nieft sengem literaresche Wierk och als Iwwersetzer vu groussen däitsche Schrëftsteller en Numm gemaach. De Jean Claude Majerus iwwer de Georges-Arthur Goldschmidt, deen dëst Joer 95 Joer krut an nach ëmmer zu Paräis wunnt.