Retromania
The Great Train Robbery
8 min
Wann et e Geschichtsbuch mat Iwwerfäll géif ginn, da stéing den 8. August 1963, dat sinn elo 60 Joer hier, garantéiert dran. Et war dat den Dag vum "The Great Train Robbery", den Iwwerfall op de Postzuch vun der brittescher Royal Mail bei Ledburn, wou Brigangen deemools iwwer zwou Milliounen englesch Pond geklaut hunn, Wäert vun haut, esou Experten, ëm déi 50 Milliounen Euro. Mee nieft dem Coup, deen d'Brigange realiséiert hunn, huet dësen Iwwerfall och e gellege Medien-Hype mat sech bruecht.
De Jean Claude Majerus hëlt mat zeréck an d'Zäit vun engem vun de spektakuläersten Iwwerfäll vun allen Zäiten, deen esouguer verfilmt gouf.