Retromania
Harley Davidson: Fräiheet op zwee Rieder
8 min
Zanter 120 Joer ass d'Motorradsmark Harley Davidson fir Millioune vun Motorradsfreaken uechter d'ganz Welt de Synonym vun der Fräiheet ouni Grenzen op zwee Rieder. Eng Harley Davidson ass haut, no 120 Joer, vill méi wéi just nëmmen e Motorrad. Harley Davidson ass Kult, fir vill Leit ass Harley Davidson esouguer Kultur, eng Liewenskultur ginn. Vum 13. bis de 16. Juli dëst Joer hu sech zu Milwaukee am US-Bundesstaat Wisconsin um Bord vum Lake Michigan Zéngdausende vun Harley Davidson-Adepte mat hire schwéiere Maschinne Rendez-vous ginn, fir do mat groussen Defiléen, Rockconcerten a Barbecuen den 120. Gebuertsdag vun der Harley Davidson ze feieren. De Jean Claude Majerus mat engem raue Retromania iwwer d'Harley Davidson.