Retromania
Andy Warhol: De Meeschter vum Pop-Art
8 min
D'Biller gesinn aus wéi Comics, a se si faarweg, wierklech faarweg. Op de Biller gesäit een Zoppebéchsen, Geldschäiner, de Portrait vu Staren oder e Portrait vun him selwer. Rieds geet vum Andy Warhol, de Mat-Initiateur a bedeitendste Vertrieder vun der amerikanescher Pop-Art. De 6. August 1928, muer ginn dat 95 Joer, koum den Andy Warhol zu Pittsburgh op d'Welt. Den 22. Februar 1987 ass hien am Alter vun 59 Joer gestuerwen an d'Konschtwelt huet en Artist verluer, dee wéi kaum een aneren d'Konsumkultur a senger Konscht festgehalen huet. De Jean Claude Majerus erënnert un dëse grousse Pop-Art-Artist.