Retromania
Ödön von Horvath: De moderne Klassiker
8 min
Et ass am Fong eng Ironie. De Klimachangement ass jo Schold drun, datt mir ëmmer méi extreem Wiederphenomeener erliewen, och an eise Géigende mat deels nawell zolitten Donnerwiederen. Et soll ee jo bei deene schroen Dimmeren am beschten net virun Dier goen. Hätt deen éisträichesch-ungareschen Dramatiker, Dichter a Schrëftsteller Ödön von Horvath sech genee dat viru 85 Joer nëmmen och zu Häerz geholl! Viru 85 Joer, am Juni 1938, ass den Ödön von Horvath gestuerwen, hie gouf zu Paräis op de Champs Elysées wärend engem Donnerwieder, bei deem de Blëtz an e Bam geschloen huet, vun engem Aascht erschloen.
Mat knapp 27 Joer ass deen Dag ee vun de bedeitendste Schrëftsteller vum 20. Joerhonnert gestuerwen, un deen de Jean Claude Majerus erënnert.