Retromania
Götz George: Vu Schimanski bis Schtonk
9 min
Déi meescht hunn hien als Schimanski kannt. 32 Joer laang huet deen däitschen Acteur Götz George den onkonventionellen Tatort-Kommissär gespillt. Hie gëllt als ee vun de wéinegen däitsche Fernseestaren. Nieft dem Schimanski huet de Götz George awer och an actionorientéierte Filmer wéi "Zahn um Zahn" an "Die Katze" oder am Helmut Dietl senger Mediesatire "Schtonk" iwwerzeegt. Hie war awer nach vill méi, en Ausnameschauspiller, iwwerhaapt ee vun de gréissten däitschen Acteuren.
De Götz George ass den 19. Juni 2016 no kuerzer Krankheet am Alter vu 77 Joer gestuerwen. Leschte Sonndeg hätt hie 85 Joer kritt. Grond genuch fir de Jean Claude Majerus un dëse groussen däitschen Acteur ze erënneren.