Retromania
Cat Stevens: Ee vun de grousse Singer a Songwriter
11 min
E Mann, zwee Liewen, esou kann een dësem Kënschtler säi Liewe wuel am beschten ëmschreiwen. Hie gehéiert zu de gréisste Sänger a Songwriter aus der Rock- a Popgeschicht: de Cat Stevens oder anescht Yusuf Islam. Och wann hie sech 1978 total aus dem Musek-Business zeréckgezunn huet, däerf een net vergiessen, datt hien an de 1970er Joren immens populär war, hien huet virun engem Millioune-Publikum Ballade wéi "Morning has Broken" a "Moonshadow" gesongen. De Cat Stevens oder Yusf Islam ass op alle Fall mat sech a sengem Liewen eens, an dat op sengem 75. Gebuertsdag, deen haut ass.
De Jean Claude Majerus erënnert un dëse grousse Kënschtler.