Retromania
Barry White: Eng Stëmm mat vill Erotik
9 min
Deen amerikaneschen Soul-Sänger Barry White huet sech mat sengem duussen an déiwen, eenzegaartege Bass an der Stëmm an d'Häerz vu Millioune Mënsche gesongen. De 4. Juli 2003, dat si schonn zwanzeg Joer hier, ass de Barry White un de Suitte vun engem Niereversoen am Alter vun nëmmen 58 Joer gestuerwen.
De Barry White huet säi Public 40 Joer laang mat engem populäre Mix aus Soul a Pop begeeschtert. Mat 16 Joer schonn huet hie seng éischt Plack erausbruecht. Den Héichpunkt vu senger Karriär hat de Barry White an den 1970er Joren, wou hie mat Titele wéi "Love's Theme", "You're the First, The Last, My Everything" a virun allem mat "Can't Get Enough of Your Love, Babe" sougenannte Chart-Breaker hat. De Barry White huet weltwäit iwwer 100 Milliounen Diske verkaf.
De Jean Claude Majerus erënnert un de Mann mat enger vun den eroteschste Stëmme vun alle Zäiten.