Retromania
Franz Kafka: De psychologesche Schrëftsteller
5 min
Wann vu grousse Schrëftsteller rieds geet, da kënnt ee sécher net laanscht de Franz Kafka. Besonnesch den Ament ass et derwäert un den tschecheschen Auteur ze denken, hien koum nämlech virun 140 Joer op d'Welt, den 3. Juli 1883 zu Prag, an ass den 3. Juni 1924 gestuerwen. De Franz Kafka huet d'Literatur an d'Welt vun der Kultur markéiert. Hien huet scho vun onperséinleche Bürokratië geschriwwen, éier et se iwwerhaapt gouf. De Kafka huet iwwer den Ekel vun totalitäre Regimmer geschriwwen, éier d'Leit dru geduecht hunn. De Franz Kafka war e psychologesche Schrëftsteller, deen aus sengem Ënneren, dem Onbewosste geschriwwen huet.
De Jean Claude Majerus erënnert un de Schrëftsteller.