Retromania
D'Jeans-Box: Eng never-ending Story
9 min
Et gëtt wuel kaum een, dee keng huet oder nach ni eng hat. Deen een huet se gären déif blo, deen anere ganz hell-blo verwäsch oder soll et éischter stonewashed sinn? An dann ass et den Ament och ganz modern se mat Lächer ze droen. Jo! Richteg, mir schwätze vun der Jeans Box, déi hei am Mëttelpunkt vum Jean Claude Majerus sengem Retromania steet.
Et sinn ëmmerhi schonn 150 Joer hier, datt de Levi Strauss d'Patent vun der Jeans Box ugemellt huet. Jeans ass a bleift e Stoff, aus deem Moude-Dreem realiséiert goufen, an de verschiddenste Variatiounen a Stiler. D'Jeans ass zanter dem Patent vun 1873 ni aus der Moud gewiescht. An se ass aktuell bal méi an der Moud, wéi se et jee war, dat seet de Carl Tillessen vum däitsche Moudeinstitut DMI vu Köln.