Retromania
Oliver Sacks: De literaresche Medezinner
8 min
Dee britteschen Neurolog a Schrëftsteller Oliver Sacks gouf bekannt duerch seng populär-wëssenschaftlech Bicher, an deenen hie komplex Krankheeten unhand vu Beispiller aus dem Alldag an duerch säin anekdoteschen Erzielstil explizéiert huet. Dem Oliver Sacks war et wichteg hanner der moderner Wëssenschaft de Mënsch net ze vergiessen, well hanner all Krankheet stéing och en individuellt Lous.
Den Oliver Sacks géif den 9. Juli 90 Joer kréien, hien ass awer den 30. August 2015 gestuerwen. De Jean Claude Majerus denkt un dësen grousse Medezinner a Schreiwert zeréck.