Retromania
Katharine Hepburn: Eng staark Perséinlechkeet
8 min
Katharine Hepburn war eng vun de gréissten Actricen an der Geschicht vun der Dramfabrick Hollywood, ma trotz deem Succès ass si awer hiert ganzt Liewe laang mat zwee Féiss um Buedem bliwwen. Am léifsten huet d'Actrice an hire Filmer gewise wat se konnt, privat wollt se et méi roueg hunn, se stoung net gären am Mëttelpunkt. D'Spillregelen vun Hollywood waren net hiren Truc, se hat hiren eegen Kapp, an virun allem Interviewen konnt se net leiden. D'Katharine Hepburn ass 29 Juni 2003 am Alter vun 96 Joer gestuerwen, en Donneschdeg waren dat schonn 20 Joer hir.
4 Mol huet d'Katharine Hepburn den Oscar als bescht weiblech Haaptroll gewonnen, esou vill wéi keng aner Actrice virun hir, 12 Mol war se am ganzen fir en Oscar nominéiert. Se gouf vu Filmjournalisten 1983 als bescht Filmschauspillerin vun allen Zäiten gewielt, an 1995 gouf se, nees vu Journalisten, als gewielt, bescht Actrice an der 100 järeger Geschicht vum Film gewielt, e Palmarès dee schonn eenzegaarteg ass.