Retromania
50 Joer Les Nocturnes - Georges Lang
12 min
Georges Lang, an de 1970er am Studio vum franséische Programm vun RTL zu Lëtzebuerg, an der Villa Louvigny
De Georges Lang, gebuer 1947 zu Metz, ass e franséische Radio- an Televisiouns Presentateur. Hien ass spezialiséiert an der angelsächseger Musek, virun allem déi aus den 1960er bis den 1980er a besonnesch déi vun den USA (Rock 'n' Roll, Pop a Country). Zanter 1971 moderéiert hie am franséische Programm vun RTL d'Emissioun "Les Nocturnes". Mat Lëtzebuerg verbënnt hie vill, ënner anerem well seng éischt Debuten an der Villa Louvigny waren, wou déi verschidden international Programmer vum Radio hire Sëtz haten, mee och elo, wou säin Aarbechtsfeld zu Paräis ass, lieft hien hei am Land.
De Carlo Link huet e Portrait vun der Emissioun respektiv dem Animateur (DJ) zesumme gestallt.
Cover vun der "Collection Georges Lang 2023" fir 50 Joer "Les Nocturnes"