Retromania
Barry Manilow: De Meeschter vum Soft-Rock
9 min
De Barry Manilow ass fir ganz vill Museksadepten de "personifizéierte Soft-Rock". Stellt Iech de Barry Manilow einfach am Kapp vir: En Dauergrinsen am Gesiicht, ëmmer schéi brong gebrannt, wäiss Kostümer an dann interpretéiert e seng Lidder, déi een ouni Zweiwel kann an d'Kategorie vun de "Schnulzen" aklasséieren.
A genee dee Barry Manilow, de Kinnek vun de Schnulzen, feiert haut säin 80. Anniversaire. A wou feiert de Barry Manilow wuel säin Dag, kloer: op der Bün. Och mat 80 Joer ass de Barry Manilow nach ëmmer "on Tour" an haut steet e Concert am Westgate Las Vegas Ressort an Casino, der Spillerstad matten an der Wüst vum Nevada, op der Bün.
De Barry Manilow steet fir de sougenannte Soft Rock a gehéiert ouni Zweiwel zu de Popkënschtler mam gréisste Succès vun allen Zäiten. An den 1970er Joren gouf de Barry Manilow zu engem internationale Star mat enger ganzer Partie Lidder, déi een am Fong esou ka beschreiwen: Lidder mat vill Häerz, mat lyreschem Pophandwierk an enger ausgefeilter an technescher Orchestratioun.