Biotop
Permakultur: wat ass gemengt, wéi kann een et doheem ëmsetzen?
9 min

An der Permakultur geet et drëms ewech vun der industrieller Landwirtschaft ze kommen. D'Natur ass dat beschte Virbild fir ze weisen, wéi alles matenee verbonnen ass a säi Sënn an Zweck huet fir laangfristeg ze funktionéieren, gesond ze bleiwen an trotzdeem respektabel Recolten ze assuréieren.
Wann ee sech déi néideg Zäit a Gedold hëlt fir der Natur nozekucke wéi si funktionéiert, kann ee probéieren dat an sengem eegene Gaart ze kopéieren. Esou verbrauch ee keng onnéideg Ressourcen a kann op kënschtleche Support verzichten. Wann een dës Iddi am Groussen a Globalen op eiser Welt géif uwenden, kënnt ee probéieren déi natierlech Ressourcë fir all Mënsch op dëser Welt zougänglech ze maachen an esou d'Grondliewensressourcë jiddwerengem zur Verfügung ze stellen.
Doheem am eegene Gaart kann ee scho selwer ganz vill ënnerhuele fir am Sënn vun der Permakultur ze iwwerleeën an ze handelen. Mam Danièle Keup vun der Liga Gaart an Heem
Literatur-Tippe vum Danièle:
- Angela Gerlach: "Permakultur" (Illustratorin)
- "Der Boden lebt" vun der Liga Gaart & Heem
Episoden

Insektefrëndlech méie fir méi Biodiversitéit
Am Gras wunne vill kleng Krabbeldéieren, déi da leider beim Méien dout gemaach ginn, mee deem kann een entgéint wierken .

Aktioun Insektenzielen: Méi wéi Beien! Ziel mat!
Vum 9. bis den 18. Juni ginn Insekten gezielt, doheem am Gaart, um Balcon oder am Bongert.

Blummewiss
Voller Liewen, schéin ze kucken a wéineg Aarbecht, dat ass eng Blummewiss am eegene Gaart.

Krunnewaasser oder Fläschewaasser?
Tipps dozou ginn et vun der Marianne Kollmesch, Vertriederin vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg.

D'Vullelberéngungsstatiounen zu Lëtzebuerg
Déi einheimesch Villercher besser kenneléieren.

Mëschkulturen am Gaart
Mëschkultur am Geméisgaart: e Mix vu Planzen, Kraider a Blummen

Eng wichteg Roll am Ekosystem
Sechs onbeléiften Déieren, déi d'Leit dacks nerven, awer ganz nëtzlech sinn: de Kueb, d'Dauf, d'Spann, d'Harespel, de Maulef an d'Flantermaus.

D'Harespele (k)eng Plo
Harespelen hunn e schlechten Numm, och wann dat net berechtegt ass.

Uleeën a flege vun engem Hochbeet
Fir en Hochbeet unzeleeën ass elo déi beschten Zäit. Fir unzefänke soll een Tomaten, Poretten a Kornischonge planzen.

Carbon Footprint
Carbon Footprint - CO2-Foussofdrock - mir komme net derlaanscht!

D'Gesondheet vun de Bëscher
Den Internationalen Dag vum Bësch (21. Mäerz) gëtt duerch d'Klimakris ëmmer méi wichteg

Gromperen an alle Gréissten a Faarwen
Elo gëllt et mat de Preparatiounen am Gaart unzefänken, wann een am Juni/Juli eng gutt Recolte wëll hunn
