Retromania
Tina Turner: E leschten Äddi
12 min
D'Queen of Rock 'n' Roll gouf se gäre genannt, a se huet mat hirer aussergewéinlecher Stëmm a mat ganz vill Energie op der Bün e Milliounepublikum begeeschtert. Déi amerikanesch Pop- a Rocklegend Tina Turner ass d'lescht Woch zu Zürech am Alter vun 83 Joer gestuerwen. Zanter dem Ufank vun de 1960er Joren huet d'Sängerin eng sëllege Songs an d'Charts bruecht a konnt hir Fans ëmmer nees mat exzellente Live-Optrëtter begeeschteren. Hir Concerte fir der Bün Äddi ze soen an de Joren 2008 an 2009 hunn iwwer eng Millioun Leit gesinn. De 4. September 1996 huet d'Tina Turner och zu Lëtzebuerg fir en onvergiesslechen Ament gesuergt fir jidderee vun de 25.000 Leit déi hire Concert am Stade Josy Barthel mat erlieft hunn. Hir lescht Concerten huet si de 5. Mee 2009 zu Shefield an England gespillt an dono huet se sech mat hirem Mann Erwin Bach an d'Schwäiz zeréckgezunn, mat 69 Joer. Dono gouf et praktesch nach just déi privat Tina Turner a genee an der Schwäiz ass d'Queen of Rock 'n' Roll d'leschte Woch gestuerwen.