Retromania
James Brown: De "Godfather of Soul"
11 min
Hien huet Uergel, Piano, Gittar a Batterie gespillt, ass awer meeschtens als Sänger an Dänzer opgetrueden an hie war Bandleader a Museksproduzent. Duerch seng Leeschtung a säin Afloss, virun allem am Rhythm and Blues an am Soul an als Inventeur vun engem neie Soul-Stil an zwar dem Funk, gehéiert hien zu de bedeitendste Museker vum 20. Joerhonnert, den James Brown.
Den 3. Mee hätt den James Brown 90 Joer kritt. Mee am Joer 2006 op Chrëschtdag, moies géint 9 Auer, koum d'Nouvelle, datt de 'Godfather of Soul', de Mister James Brown, gestuerwe wier, hien ass 73 Joer al ginn. Eng Geleeënheet fir de Pit Walté ronderëm dee ronne Gebuertsdag un de 'Godfather of Soul' zeréckzedenken.