Retromania
Frank Sinatra: D'Legend ass viru 25 Joer gestuerwen
12 min
Et sinn ewell 25 Joer, datt eng Legend, ee vun de leschten Dinosaurier vun Hollywood, gestuerwen ass. De 14. Mee 1998 koum d'Noriicht, datt de Frank Sinatra am Alter vun 83 Joer zu Los Angeles un engem Häerzversoe gestuerwe wier. Fir Amerika war de Frank Sinatra net nëmmen e Sänger, en Acteur oder iwwerhaapt en Artist. Fir Amerika war an ass de Frank Sinatra en Idol.
De Frank Sinatra gouf den 12. Dezember 1915 zu Hoboken am New Jersey an eng Famill vun italieenesch-amerikaneschen Elteren, déi selwer als Kanner mat hiren Elteren an d'USA immigréiert waren, gebuer. Säi Papp, de Martin Sinatra, war Profiboxer, huet awer och als Pompjee an als Barkeeper geschafft. An d'Mamm, d'Natalina Dolly, war Hiewan a politesch aktiv. Si war Presidentin vun den Demokraten zu Hoboken. An dofir gouf de Frank Sinatra am Contraire zu villen aneren Immigrantekanner an zimmlech gudde Konditioune grouss. Scho ganz fréi als Teenager huet hien d'Musek fir sech entdeckt an ass mat enger Ukulele, enger klenger Anlag an engem Megaphon an de Bistroe vu senger Heemechtsstad opgetrueden. An dat war den Ufank vun enger enormer Karriär.
De Frank Sinatra gouf am Laf vun de Joren zum Prototyp vum "All American Man" an d'Marlene Dietrich huet iwwer de Frank Sinatra gesot, hie wier "de Mercedes ënner de Männer".