Retromania
Miles Davis: E Pionéier vum Jazz
9 min
Den amerikaneschen Trompettist Miles Davis zielt ouni Zweiwel zu den Jazz-Legenden, e Museker deen duerch seng musikalesch Approche an duerch en neie Stil, Akzenter am zäitgenëssesche Jazz gesat huet. Dem Miles Davis säin Trompettespill gouf duerch säi glaskloren Toun a säi spezielle Klang weltbekannt. Mä hie selwer hat ni Loscht am Mëttelpunkt ze stoen, meeschtens huet hien op der Bün mam Réck zu de Leit gespillt, wat arrogant eriwwer koum, wat awer och vläicht just Onsécherheet war. De Miles Davis ass den 28. September 1991 knapp zwee Méint nodeems hien um Wëlzer Festival opgetrueden ass, gestuerwen. De Miles Davis ass op engem 26. Mee viru 97 Joer am Illinois op d'Welt komm, an dat ass sécher Grond genuch un dëse Virtuos bei Retromania ze erënneren.