Retromania
Walter Gropius: De Papp vum Bauhaus
7 min
Hien ass an déi international Architekturgeschicht agaangen: deen däitschen Architekt, Designer an Urbanist Walter Gropius a gëllt nach haut als ee vun de Pappe vum moderne Bauen. De Gropius huet 1919 zu Weimar dat sougenannt Bauhaus gegrënnt, eng fir déi Zäit nei Konschtschoul, déi nach ëmmer gären als Avantgarde-Plaz vun der klassescher Modern a quasi alle Beräicher vun der fräier Konscht ugesi gëtt.
De Walter Gropius koum den 18. Mee, en Donneschdeg virun 140 Joer, zu Berlin op d'Welt, an d'Natasha Ehrmann erënnert un dëse grousse Meeschter vun der Architektur.