Biotop
Blummewiss
7 min

Eng Blummewiss ass net nëmme schéin ze kucken, mee ee Doheem fir eng helle Wull un Insekten, Beien, Käferen, Päiperleken a Villercher. Een net onwichtege Virdeel vun der Blummewiss ass och déi wéineg Aarbecht, déi een domadder huet.
D'Uleeë vun enger Blummewiss mécht sech am Beschten am Fréijoer op engem propperen, Onkraut-fräie moren an dréchene Buedem, deen vill Sonn kritt. Dofir mécht et Sënn de Wues, deen an eise leschte waarmen an dréchene Summere verdiert ass, ze tausche mat enger Blummewiss, déi faarweg, lieweg a schéin ze kucken ass.
Et kritt een extra Sommëschungen, déi fir d'Lëtzebuerger Regioun zesummegestallt goufen an esou kann een d'Biodiversitéit a sengem eegene Gaart ouni groussen Opwand ënnerstëtzen. Eng grouss Auswiel an heemesche Kraider, Blummen a Grieser kann een esou a sengem eegene Gaart séien.
Et sollt ee sech fir eng méijäreg Sommëschung decidéieren, dat mécht am mannsten Aarbecht. Iwwer d'ganzt Joer brauch ee just eemol am Hierscht ze méien an dat ze entsuergen. Eng Blummewiss ass wéineg Opwand, awer ee grousse Bäitrag fir d'Biodiversitéit a schéin ze kucken.
Episoden

Krunnewaasser oder Fläschewaasser?
Tipps dozou ginn et vun der Marianne Kollmesch, Vertriederin vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg.

D'Vullelberéngungsstatiounen zu Lëtzebuerg
Déi einheimesch Villercher besser kenneléieren.

Mëschkulturen am Gaart
Mëschkultur am Geméisgaart: e Mix vu Planzen, Kraider a Blummen

Eng wichteg Roll am Ekosystem
Sechs onbeléiften Déieren, déi d'Leit dacks nerven, awer ganz nëtzlech sinn: de Kueb, d'Dauf, d'Spann, d'Harespel, de Maulef an d'Flantermaus.

D'Harespele (k)eng Plo
Harespelen hunn e schlechten Numm, och wann dat net berechtegt ass.

Uleeën a flege vun engem Hochbeet
Fir en Hochbeet unzeleeën ass elo déi beschten Zäit. Fir unzefänke soll een Tomaten, Poretten a Kornischonge planzen.

Carbon Footprint
Carbon Footprint - CO2-Foussofdrock - mir komme net derlaanscht!

D'Gesondheet vun de Bëscher
Den Internationalen Dag vum Bësch (21. Mäerz) gëtt duerch d'Klimakris ëmmer méi wichteg

Gromperen an alle Gréissten a Faarwen
Elo gëllt et mat de Preparatiounen am Gaart unzefänken, wann een am Juni/Juli eng gutt Recolte wëll hunn
