Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

headphones

51 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Den Tommy Schlesser ass e Schauspiller, fir deen et am Filmgeschäft richteg gutt leeft. Zum Beispill ass hien an der zweeter Staffel vu "Capitani" ze gesinn - eng Serie, déi un Netflix verkaf gouf.

Am Kino stoung hien op der Affiche vun der spuenesch-lëtzebuergescher Koproduktioun "Lemon and Poppy Seed Cake". D'lescht Joer war hien zu Cannes um rouden Teppech fir de Film "Rebel" vum Adil El Arbi an Bilall Fallah, wou hien en IS-Kämpfer spillt.

An hie spillt och a "Läif a Séil" vum Loïc Tanson, an hie freet sech drop, wann "Die Bergretter" beim ZDF gewise ginn, um klengen Ecran, do wou Villes fir hien ugefaangen huet, notamment an Tëleesproduktioune vu Rosamunde Pilcher, oder "Das Traumschiff".

Den Tommy Schlesser huet schonn als Bouf mat sengem eelere Brudder Emile éischt kleng Filmer gedréit, de Fonke vun der Magie vun der Kamera ass jonk bei him eriwwer gesprongen. Dat, obwuel hien aus enger Famill vu Juriste kënnt. Säin Urgrousspapp, Grousspapp a Papp hunn dee Beruff ausgeüübt, an obwuel den Tommy Schlesser deen och ugehaangen huet, andeems hien Droit studéiert huet, ass hie séier nees vu senger Passioun dem Kino ugezu ginn.

Eigentlech wollt hien 2012 op Köln op d'Film Acting School goen, mee du krut hie seng éischt Roll ugebueden an der Lëtzebuerger Sitcom "Comeback". Dat war säin Debut. Säi Studium huet hien trotzdeem duerchgezunn, net zu Köln, mee zu Los Angeles.

2013-2014 hat hie seng eege Sketch-Comedy Serie "Wat Elo?" fir RTL Télé Lëtzebuerg, wou hien an circa 100 kuerzen Episoden zesumme mat sengem Brudder Émile Schlesser opgetrueden ass.

2015 war den Tommy Schlesser an enger Gaaschtroll an der däitscher RTL-Serie "GZSZ" als Austauschstudent Eike Habicht ze gesinn.

Am Kuerzfilm "Long Lost", deen als beschte Kuerzfilm beim Max Ophüls Preis nominéiert war, hat de Schlesser d'Roll vun engem jonke Strummert mat krimineller Vergaangenheet. 2018 war hien am lëtzebuergesche Kinosfilm "Superjhemp Retörns", nieft der Julie Kieffer an der Désirée Nosbusch ze gesinn.

Am Februar 2022 du fir vill Persounen e laang erwaarte Moment. Déi zweet Staffel vu "Capitani", an där hien d'Roll vun engem Drogeboss spillt.

D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.

Kultur
Politik a Gesellschaft

Episoden

Max Asselborn

De jonke Lëtzebuerger Trompettist huet zanter Kuerzem e feste Kontrakt beim schweedesche Radio-Sinfonie-Orchester a war fir e Concert zu Lëtzebuerg.

Patrick Galbats

Tëschent 2010 an 2016 huet de Fotograf fir d'Wochenzeitung Land déi politesch, kulturell an ekonomesch Aktualitéit couvréiert an eng gewëssen artistesch Fräiheet entwéckelt.

De Kleeschen

De Patréiner vun de Kanner ass haut den Invité.

Ralf Beil

Sascha Lang

Haut ass den Internationalen Dag vun de Mënsche mat enger Behënnerung. Invité an der Emissioun Sot Emol, ass e Mann dee blann ass, an iwwer verschidde Kaneel - Podcasts a Radio - iwwert d

Heng Kleren

De Museker, Komponist an Enseignant ass Invité.

Jean Kandel

De Jean Kandel an dausende vu Lëtzebuerger Lidder stinn haut am Mëttelpunkt vun der Emissioun "Sot emol"

Ralf Beil

Gast Waltzing

Den Trompettist, Museksprofesser, Dirigent a Komponist säi Parcours ass vu ville Succèsen gekréint.

Robert Garcia

De fréiere Coordinateur vum Kulturjoer 2007, Deputéierte oder och nach Dieketer vun de Rotonden Robert Garcia ass haut Invité an der Emissioun "Sot emol"

Gérard Kraus

Den Englesch-Prof an President vun der Science Fiction and Fantasy Society Lëtzebuerg ass den Invité an der Emissioun "Sot emol"

Anik Raskin

Haut ass den internationalen Dag géint Gewalt géint Fraen a Meedecher. Zanter e Samsdeg ass och Orange Week, déi op de Problem vu Gewalt géint Fraen opmierksam wëll machen. Ënnert der Iww
headphones

42 min

play_arrow
Michel Clees

Michel Clees

De passionéierten Dokter an niewebäi och engagéierten Auteur, Sänger an Dramatiker ass Invité.
headphones

55 min

play_arrow
Robert Garcia

Robert Garcia

De fréiere Coordinateur vum Kulturjoer 2007, Deputéierte oder och nach Dieketer vun de Rotonden Robert Garcia ass haut Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Marion Thill

Marion Thill

Invité ass den Tattoueur a Vize-President vun der Hair, Beauty and Tattoo Guild zu Lëtzebuerg.
headphones

48 min

play_arrow
Simone Beck

Simone Beck

D'Historikerin a Professorin, fréier Direktesch vum Institut Pierre Werner ass haut un der Spëtzt vun der Lëtzebuerger Unesco Kommissioun.
headphones

45 min

play_arrow

Jay Witlox

Den Zauberer an Illusionist ass den Invité.

Martin Folz

De Chouerdirekter vum Theater Tréier, Dirigent a engagéierten an acharnéierte Sänger ass Invité an der Emissioun "Sot emol" beim Jean Claude Majerus.

Ingo Schandeler

Den Ingenieur, Kënschtler an Adept vum Bus ass den Invité.

Ernie Hammes

De Trompettist a Militärmuseker gehéiert zu de bekanntste Lëtzebuerger Museker, huet awer och iwwer d'Grenzen eraus eng zolidd Renommée.