Sot emol
Gast Waltzing
Vun der Duerfmusek zu Useldeng iwwer den Eurovision Song Contest mat Park Café bis zu engem Grammy mat der Anjélique Kidjo an dem OPL. Den Trompettist, Museksprofesser, Dirigent a Komponist säi Parcours ass vu ville Succèsen gekréint.
Dem Gast Waltzing seng Passioun ass Musek. Hien gouf souzesoen am Conservatoire grouss an haut enseignéiert hien do an huet en Jazz Departement gegrënnt, vu wou gutt Crue vu jonke Lëtzebuerger Talenter kommen. Hien ass deen éischte lëtzebuergeschen Grammy Gewënner an een onëmgängleche Personnage aus dem Lëtzebuerger ëffentleche Liewen. Mol gesäit een hie mat Hutt, mol mat Brëll, mee ëmmer mat engem Laachen am Gesicht.