Sot emol
De Kleeschen
De Moien wäerten, Land op, Land of, vill Kanner scho mat Zäiten um Dill gewiescht sinn, well et ass de 6. Dezember eben Niklosdag. Vill Kanner hunn de Moien an der gudder Stuff neit Spillgezei an e gutt gefëllten Teller fonnt, oder, fir déi méi wéischt ënner eis, gouf et och vläicht eng Rutt. Abee, dem Kleesche seng Aarbecht fir dëst Joer ass elo gemaach. Mee fir e bekannte Sproch aus dem Fussball zu huelen: "No Niklosdag ass viru Niklosdag", haut ginn d'Preparatioune fir Niklosdag 2022 schonn un.
De Kleeschen huet sech awer de Moien e bëssen Zäit geholl, an hien ass den Invité beim Natasha Ehrmann an dem Jean Claude Majerus.