Sot emol
Max Asselborn
Den 1. Dezember war de schweedesche Radio-Sinfonie-Orchester fir e Concert an der Philharmonie an huet ënner der Direktioun vum Daniel Harding e Mahler-Programm presentéiert. Ënner de Museker vun dësem schweedeschen Orchester souz och e Lëtzebuerger, en Trompettist, de Max Asselborn, deen zanter Kuerzem e feste Kontrakt an dësem Ensembel huet.
De Max Asselborn ass den Invité beim Jean Claude Majerus. Wann Dir elo wëllt gewuer ginn, wéi de Max Asselborn op d'Stockholm koum, wou seng musikalesch Wuerzele sinn a wat säi Brudder besser ka wéi hien, datt lauschtert dësen Interview.