Sot emol
Marion Thill
48 min
Den Tattoueur a Vize-President vun der Hair, Beauty and Tattoo Guild zu Lëtzebuerg war an den 1980er Joren eng vun de Stëmme vum Pirateradio RFM, DJ am Lëtzebuerger Nuetsliewen, a Gittarist a Sänger vun de Surf Cowboys. Den Ament ass dem Natasha Ehrmann säin Invité als Tätowéierer ganz engagéiert, wat déi nei EU Direktiv ugeet.
Zanter 27 Joer huet de Marion Thill säi Piercing- an Tattoo-Studio, ee vun den éischten hei am Land. Hien ass entsat iwwer déi nei Reach-Reglementatioun déi seet, dat vum 4. Januar u mat de Faarwe Schluss ass.