arrow_back_ios
Sot emol
Martin Folz
Dat wuel eelsten an am Fong och einfachsten Instrument dat de Mënsch huet ass seng Stëmm. Et huet een dëst Instrument ëmmer bei sech an d'Stëmm ass och e Fundament vun der Musek. Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol" ass haut de Martin Folz, hien ass aktuell Chouerdirekter vum Theater Tréier. De Martin Folz ass zanter senger Kandheet mat Sangen ënnerwee a mer léieren e Mënsch kenne dee fir d'Sange brennt.