Radioen

On air

Am Buedmantel  |  David Bowie - Rebel Rebel

play_arrow Live
100komma7.lu / Biotop

/ Carbon Footprint

Carbon Footprint

headphones

8 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Weltklimarot huet e neie Rapport verëffentlecht, datt de Klimawandel méi séier viru geet wéi geduecht. Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres rifft dozou op, fir d'"Klima-Bomm" ze entschäerfen. Wat bedeit dat fir eis zu Lëtzebuerg? Wat bedeit dat fir deen eenzelen? Och wann de Weltklimarot en Drénglechkeets-Opruff mécht, esou ass et awer net ze spéit fir eppes ze ënnerhuelen - vu datt all Zéngtel Grad zielt, fir net méi schlëmm Dréchenten an Iwwerschwemmungen ze kréien.

Alles wat mir am Alldag maachen, alles wat mir hunn a kafen, entsprécht engem gewëssen CO2-Foussofdrock. Zu Lëtzebuerg sinn et virun Allem den Auto, d'Hëtzen, d'Kleeder, a Fësch a Fleesch, déi eise ganz héijen CO2-Fouss-Ofdrock, also eisen Afloss op de Klimawandel, ausmaachen. Als eenzel Persoun kann een eppes bewierken, andeems ee just kleng Upassungen am Alldag mécht, bei de genannte groussen Themen oder och, ganz alldeeglech an allgemeng, eng Reduktioun vum Konsum.

Detailer mam Marianne Kollmesch

Politik a Gesellschaft

Episoden