Retromania
Klaus Voorman: De fënnefte Beatle
9 min
De Klaus Voorman ass en däitsche Museker a Grafiker. Dësen Numm seet deene meeschte bestëmmt net vill. De Bassist Klaus Voorman huet awer mat ville Musek-Legenden zesummegespillt: mat John Lennon, Paul McCartney, Eric Clapton oder och nach Cat Stevens. Mee just matgespillt, esou war de Klaus Voorman eben, hien ass léiwer diskret am Hannergrond bliwwen. De groussen Frënn vun de Beatles, deen fir d'Realisatioun vun engem Plackecover fir déi véier Borschte vu Liverpool e Grammy gewonnen huet, feiert haut säi 85 Anniversaire. Dee grousse Museker am Hannergrond vun esou munch Superstaren ass dem Pit Walté säi Sujet.