Retromania
Pablo Picasso - "E Genie ouni Häerz"
8 min
De Pablo Picasso gëtt wuel, wéi kaum een anere Kënschtler, mam Begrëff Modern Konscht associéiert. De Picasso huet a sengem Liewen Dausende vun Tableauen, Grafiken, Skulpturen oder Keramike realiséiert. Fir vill Experten ass hien dee gréisste Konschtgenie vum 20. Joerhonnert, fir anerer awer war hien en talentéierte Scharlatan. Eent ass kloer, de Picasso huet Konscht vum 20. Joerhonnert wéi keen anere Kënschtler beaflosst an dominéiert. De Pablo Picasso ass den 8. Abrëll 1973, haut op den Dag viru 50. Joer am Alter vun 91 Joer zu Mougins a Frankräich gestuerwen. De Jean Claude Majerus iwwer ee vun de gréissten Artisten, déi Welt bis ewell kannt huet.