Biotop
Uleeën a flege vun engem Hochbeet
10 min

En Hochbeet gesäit net nëmme flott aus, mee huet vill Virdeeler, och fir de Réck. D'Schleeke sinn och net frou domat, an d'Planze wuesse méi séier, wéi an engem traditionelle Gaart. D'Nätzen ass ganz wichteg, well en Hochbeet gäre séier ausdréchent duerch d'Sonn, déi vun alle Säiten drop schéngt.
Wann een op e puer Saachen oppasst bei der Constructioun oder beim Kaf, huet ee laang Freed mat sengem Hochbeet. Scho beim éischte Fëlle muss garantéiert sinn, datt déi néideg Närstoffer fir gesond Planzen do sinn, an e gutt Hochbeet brauch reegelméisseg Fleeg.
Beim Beplanze vum Hochbeet sollt ee Planzen evitéieren, déi vill Plaz brauchen an éischter op Mëschkulture setzen an op d'Fruchtfolleg oppassen. Dat heescht zwar vill Nätzen, dofir awer manner Kraut, manner Schleeken a manner Krankheeten, dofir awer eng gutt Recolte. Fir en Hochbeet unzeleeën ass elo déi beschten Zäit. Fir unzefänke soll een Tomaten, Poretten a Kornischongen planzen.
Mam Danièle Keup vun der Liga Gaart an Heem
Episoden

Carbon Footprint
Carbon Footprint - CO2-Foussofdrock - mir komme net derlaanscht!

D'Gesondheet vun de Bëscher
Den Internationalen Dag vum Bësch (21. Mäerz) gëtt duerch d'Klimakris ëmmer méi wichteg

Gromperen an alle Gréissten a Faarwen
Elo gëllt et mat de Preparatiounen am Gaart unzefänken, wann een am Juni/Juli eng gutt Recolte wëll hunn
