Retromania
Dee "rouege" Beatle
12 min
Den George Harrison stoung bei de Beatles éischter an der zweeter Rei, wat him net onbedéngt gefall huet.
D'Beatles, déi véier Borschte vu Liverpool, e Mythos, eng Legend, eng Story, wéi et der wuel net vill an der Museksgeschicht gëtt. D'Beatles heescht an Nimm ausgedréckt: John Lennon, Paul McCartney, Ringo Starr an George Harrison, d'Fab Four, wéi si och genannt goufen. Haut ass nach just d'Hallschent vun der legendärer Formatioun do, de Paul McCartney an de Ringo Starr. Den John Lennon ass den 8. Dezember 1980 gestuerwen, hie gouf viru sengem Appartement zu New York vum geckege Mark David Chapman erschoss. Den 29. November 2001 ass de Beatles-Gittarist George Harrison a Kalifornien no enger schroer Krankheet gestuerwen. Am Februar gouf un de "rouege" Beatle George Harrison fir säin 80 Anniversaire geduecht, an dat huet de Jean Claude Majerus och gemaach.