Retromania
Whitney Houston: Eng grouss Stëmm voll Emotioun
15 min
Am Fong sollt am Februar 2011 an der Nuecht vum 11. op den 12. Februar d'Musek am Staples Center zu Los Angeles mat de 54. Grammy Awards gefeiert ginn. Mee dës Grammy-Nuecht gouf wuel eng vun den trauregsten an der ganzer Geschicht. Et war e Schock fir d'Musekwelt, wéi op deem Dag, den 11. Februar 2011, d'Nouvelle koum, datt déi amerikanesch Rythm and Blues, Soul a Pop-Sängerin, Actrice a Produzentin Whitney Houston dout wier.
D'Whitney Houston war deemools zu Los Angeles fir Grammy-Zeremonie, a si ass an hirem Hotelszëmmer zu Beverly Hills dout fonnt ginn. Och Versich si se reaniméieren hunn näischt méi bruecht. Um 5 bis 4 Lokalzäit zu Los Angeles, 5 bis 2 an der Nuecht bei eis, gouf d'Whitney Houston offiziell als dout deklaréiert, d'Sängerin hat 48 Joer.
De Jean Claude Majerus erënnert un d'Sängerin mat der grousser an eenzegaarteger Stëmm.