Retromania
Alice Cooper: De Spezialist vum Schockrock
10 min
De Numm Vincent Damon Furnier ass sécher net jiddwerengem e Begrëff, mee wann ee säi Kënschtlernumm Alice Cooper héiert, dann ass ee wuel éischter am Bild. Seng Museker-Karriär huet de Rocker um Ufank vun de 1960er Joren ugefaangen, seng gréissten Hits hat hie mat Songs wéi "School's Out" oder "Poison". Soss waren dem Alice Coper seng Concerten eng Garantie fir Schock-Rock, mëttlerweil ass et awer éischter Divertissement.
Den Alice Cooper, deen nach ëmmer aktiv op der Bün ënnerwee ass, krut de 4. Februar 75 Joer, en Alter, deen een dem Museker net géif ginn.
De ganze Summer iwwer ass den Alice Cooper nees op Tour mat ganz ville Concerten an den USA oder hien ass mat den Hollywood Vampires ënnerwee, och an Europa, ënner anerem ass Band mat Alice Cooper, Johnny Depp an Joe Perry vun Aerosmith am Juni zu Lëtzebuerg an der Rockhal.
Den Alice Cooper ass mat senge 75 Joer nach ëmmer do, och wann hien en dach mouvementéiert Liewen hat. Hie sot emol selwer: "Ech war mäi ganzt Liewe laang Alkoholiker, an um Enn ass der näischt bliwwen. Et si Phasen a mengem Liewe ginn, wou ech net méi wosst, wien ech selwer war, an wat ech gemaach hunn."
Mee egal wéi, hien ass nach ëmmer do, a seng Bünepresenz ass schonn eenzegaarteg.