Retromania
Wilhem Busch: De Papp vum Max a vum Moritz
Mat sengem bëssegen a spatzen Humor gehéiert de Wilhelm Busch sécher och haut nach zu de bekanntsten däitschen Zeechner an Dichter. Mat senge Spiichte vum "Max a Moritz" si Generatioune vu Kanner, vläicht och Dir, grouss ginn, an de Wilhelm Busch gëtt ëmmer nees gären a Rieden zu egal wéi enge Geleeënheeten zitéiert. Manner bekannt ass de Wilhelm Busch awer als Kënschtler, deen deemools senger Zäit scho wäit viraus war: De Wilhelm Busch ass souzesoen den Urgrousspapp vun de modernen amerikanesche Comicken, a seng Biller haten schonn éischt Elementer vun der Abstraktioun.
Ufanks Januar dëst Joer waren et 115 Joer hier, den 9. Januar 1908, datt de Wilhelm Busch, deen däitschen Artist, zu Mechtshausen gestuerwen ass. De Jean Claude Majerus denkt un den Wilhelm Busch zeréck.