Retromania
Falco: E provokante Kënschtler
9 min
Et si 25 Joer hier, datt de Johann Hölzel gestuerwen ass. Johann Hölzel seet vläicht net jiddwerengem direkt eppes, mee wa mir Falco soen, da wësse mir bal all, ëm wien et geet. De Falco war en éisträichesche Museker, Sänger a Rapper, et gëtt och gäre gesot, hie wär deen éischten "wäisse" Rapper gewiescht.
Säi Lidd "Rock me Amadeus" hat et als éischten däitschsproochegen Titel fäerdegbruecht an den USA-Charts op Platz 1 ze kommen. De 6. Februar 1998 ass de Falco bei engem Autosaccident op der Dominikanescher Republik leie bliwwen.
De Jean Claude Majerus erënnert un dëse mytesche Museker.