Retromania
Janis Joplin: Genialitéit an Tragedie
9 min
Janis Joplin, déi gréisste wäiss Bluessängerin, déi et jeemools gouf, hätt am Januar dëst Joer 80 Joer kritt. D'Janis Joplin ass awer de 4. Oktober 1970 am Alter vun nëmmen 27 Joer un de Suitte vun enger Iwwerdosis Heroin gestuerwen. Op der Bün huet Janis Joplin duerch hire Charisma a virun allem duerch eng eenzegaarteg Stëmm jiddweree vun hire Museker zum Statist degradéiert. Mee privat war Janis Joplin ee Mënsch, deen eleng war a sech just um Alkohol an un den Drogen upake konnt. Et kéint ee soen, datt d'Zäit vum gréisste Succès fir Janis Joplin och d'Zäit vun hirem latente Suicide war.
An da kann een d'Janis Joplin nach mat engem éischter traurege Phenomeen a Relatioun bréngen, mam sougenannte Club 27: de véier gréissten Talenter an der Rockmusek, déi tëschent Juli a 1969 a Juli 1971 duerch hir exzessiv an autodestruktiv Liewensmanéiere gestuerwe sinn, alleguerten hate si 27 Joer. Rieds geet nieft der Janis Joplin vum Jimi Hendrix, dem Jim Morrison an dem Brain Jones. Méi rezent sinn och de Kurt Cobain an d'Amy Winehouse mat 27 Joer gestuerwen, an och si hunn en éischter autodestruktiv Liewe gehat. Am beschte kann een deenen Ausnamemuseker aus dem Club 27 hiert Liewen mat zwee Zitater ëmschreiwen: "Sex, Drugs and Rock'n'Roll" an "Live fast, Love hard, die young"