Retromania
Dalida: Succès an Tragedie
12 min
"Gigi l'amoroso", "Bambino" oder "Ciao, ciao Bambina" si Musekstitelen, déi quasi op der ganzer Welt e Succès waren. Hanner deem Succès stoung eng franséisch Sängerin mat italieeneschen Originnen, déi an der ägyptescher Haaptstad Kairo gebuer an opgewuess ass: d'Dalida. Si huet weltwäit iwwer 150 Millioune Placke verkaf, si gouf als Fra bewonnert a veréiert, mee hanner der Fassad war der Dalida hiert Privatliewen awer éischter eng Tragedie. De 17. Januar dëst Joer hätt d'Sängerin 90 Joer kritt.
De Jean Claude Majerus denkt un d'Sängerin mam tragesche Liewen zeréck.