Retromania
Falco: E provokante Kënschtler
9 min
Et si 25 Joer hir datt de Johann Hölzel gestuerwen ass. Johann Hölzel seet vläicht net jidderengem direkt eppes, ma wa mer Falco soen, da wësse mer bal all ëm wien et geet. De Falco war en éisträichesche Museker, Sänger a Rapper, et gëtt och gäre gesot hie wär deen éischten " wäisse " Rapper gewiescht. Säi Lidd " Rock me Amadeus " hat et als éischten däitschsproochegen Titel fäerdeg bruecht an den USA-Charts op Platz 1 ze kommen. De 6 Februar 1998, geschwënn sinn dat 25 Joer hir, et gleeft een et kaum, ass de Falco bei engem Autosaccident an der Dominikanescher Republik leie bliwwen. De Jean Claude Majerus erënnert a Retromania un dëse mytesche Museker.