Retromania
Dalida: Succès an Tragédie
9 min
" Gigi l'amoroso ", " Bambino " oder " Ciao, ciao Bambina " sinn Musekstitelen déi quasi op der ganzer Welt e Succès waren. Hannert deem Succès elo stoung eng franséisch Sängerin mat italieneschen Originnen déi an der ägyptescher Haaptstad Kairo gebuer an opgewuess ass: Dalida! Dalida huet weltwäit iwwer 150 Milliounen Placke verkaf, se gouf als Fra bewonnert a veréiert, ma hannert der Fassad war der Dalida hiert Privatliewen awer éischter eng Tragedie. De nächsten Dënschdeg hätt d'Sängerin 90 Joer kritt. De Jean Claude Majerus denkt un déi Sängerin mam tragesche Liewen haut bei Retromania zeréck.