Retromania
Ravi Shankar: De Pätter vun der World Music
11 min
Den indesche Meeschter vun der Sitar, Ravi Shankar ass virun 10 Joer, den 11. Dezember 2012 gestuerwen. Den Ausnammuseker a Papp vun der Jazz- a Soulsängerin Norah Jones, deen eng Abberzuel westlech Museker, wéi och d'Beatles an d'Rolling Stones beaflosst huet, ass 92 Joer al ginn. D'Musekszeen, ma virun allem Indien war deemools am Trauer, well dat risegt Land mam Ravi Shankar e weltwäiten Ambassadeur vum kulturellen Ierwe vun Indien verluer huet. De Ravi Shanar gouf och Pätter vun der World Music genannt. De Jean Claude Majerus erënnert a Retromania un dëse grousse Museker.