Biotop
Brennnessel - Urtica, eng pickeg awer ganz intressant Planz
8 min
D'Heelplanz vum Joer 2022: D'Brennnessel pickt, well dat hire Schutzmechanismus ass géint Friessfeinden. Bei där klengster Beréierung briechen hir Brennhoer, an et gëtt eng Saier fräigesat, déi eng allergesch Reaktioun kann ervirruffen.
Mee d'Brennnessel ass och d'Liewensgrondlag fir eng ganz Rei vun Päiperleksaarten, Insekten a Villercher. Et kann een domat Brennesselspiff hierstellen, deen als wonnerbaren Dünger am Gaart bekannt ass, a mat deem een op natierlech Aart Schädlinge ka bekämpfen.
Och de Mënsch ka vun der Brennnessel profitéieren, well si vill Vitaminnen a Mineralien huet. Mee net nëmmen, datt dës Planz gesond fir eise Kierper ass, si schmaacht och gutt a ville verschiddene Platen.
Informatioune mat der Danièle Keup vun der Liga Gaart an Heem