Retromania
Gilbert Bécaud: De Monsieur 100.000 Volt
9 min
De Gilbert Bécaud war ee vun de ganz Grousse vun der franséischer Chanson. De "Monsieur 100.000 Volt", wéi hie gäre genannt gouf, hat eng eenzegaarteg Presenz op der Bün. Ronn 400 Lidder huet dee charismatesche Sänger mat der markanter Stëmm a senger Karriär geschriwwen an déi meescht och selwer op der Bün gesongen.
De Gilbert Bécaud war sécher och ee vun deene Sänger, deen der franséischer Chanson schonn an de 50er a 60er Joren zu internationaler Gréisst verhollef huet. En donkel-bloen Kostüm, e wäisst Hiem an eng Krawatt mat Punkten, déi ni bis uewen hinner zougezu war, genee esou ass de franséische Chansonnier Gilbert Bécaud an Erënnerung bliwwen, an da seng krazeg, impressionant Stëmm, déi vill musikalesch Interpretatioune vun him zu engem gellegen Erliefnes gemaach hunn.
De Jean Claude Majerus erënnert un de grousse Komponist a Chansonnier Gilbert Bécaud, deem säi 95. Gebuertsdag de Méindeg, 24. Oktober, commemoréiert gëtt.