Retromania
John Denver: Den emoltionalen Country-Sänger
9 min
De John Denver gehéiert sécher an déi Kategorie Museker wou een ka soen, wann en net esou fréi gestuerwe wär, wat hätt hien der Welt nach kënnen fir formidabel Musek ginn. De John Denver ass awer elo schon 25 Joer dout, en ass den 12 Oktober 1997 an der Géigend vun der kalifornescher Stad Monterey mat sengem Fliger erof gefall an en ass leie bliwwen. Den Artist huet awer iwwert säin Doud eraus d'Country- an Folk-Szen weider markéiert, an engem Sënn lieft de John Denver duerch seng Musek bis haut weider. Hien huet sech selwer ma awer och d'Landstroossen am West-Virginia mat senge Mega-Succès "Country Roads" vun 1971 weltbekannt gemaach. E Lidd an deem den John Denver iwwert Gedanken vun engem Mënsch séngt deen iwwert d'Landstroossen am gaangen ass Heem ze fueren, dem Chauffer seng Heemecht ass West-Virginia: "Country Roads. Take me home to the place I belong. West Virginia. Mountain Mama. Take me home. Country Roads". Wuel all Mënsch deem enk mat senger Heemecht verbonnen kann dëst Lidd verstoen.