Retromania
Donna Leon: Eng amerikanesch Schwäizerin zu Venedeg
9 min
Et ginn an der Literatur eng ganz Palett vu Krimien, bei deenen een ëmmer nees déi selwecht Kommissären an Detektive fënnt, wéi dem George Simenon säi Comissaire Maigret, dem Arthur Conan Doyle säi Sherlock Holmes, dem Simon Beckett säi forenseschen Anthropolog David Hunter, dem Jussi Adler Olsen säi granzegen Commissaire Karl Monk, an net ze vergiessen, der Donna Leon hire smaarte Commissario Guido Brunetti vu Venedeg.
Un der Lagunestad Venedeg hänkt der amerikanescher Schrëftstellerin Donna Leon, déi dës Woch 80 Joer krut, hiert Häerz. Dofir huet si och sécher dee gréissten Deel vun hirem Schreiwen dëser Stad dediéiert, an zwar duerch hir Krimigeschichte ronderëm de genannte Commissario Brunetti.
31 Mol stoung de Brunetti bis ewell schonn am Mëttelpunkt vun der Donna Leon hire Geschichten. An och wa si elo 80 Joer krut, ass et, wann et nëmme geet, nach net hire leschte Rman.
De Jean Claude Majerus iwwer Donna Leon, mat där hie virun e puer Joer och en Interview konnt maachen.