Radioen

On air

Notturno  |  The Cookie Jar Complot - Cookies

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Claude Mangen: D'Léift zum Theater

Claude Mangen: D'Léift zum Theater

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Claude Mangen war 25 Joer laang de Programmchef vum radio 100,7, éier hien 2018 eng nei Erausfuerderung gesicht huet an Direkter vum Mierscher Kulturhaus gouf. Mee de Claude Mangen ass awer och Theaterregisseur, Acteur, Produzent, hien huet ënner anerem den Theaterkollektiv Maskenada matgegrënnt. Hien huet eng Zäit zu Zürech an zu Wien Theater gespillt. Seng Aarbecht op der Bün war ganz breet, vu Musekstheater, Operen, Klassesch Lidder oder och vill Theater vu Lëtzebuerg anescht gekuckt. Seng Produktiounen haten ëmmer en eenzegaartege Charakter a se waren op ganz spezielle Plazen ze gesinn. Hien ass President vun der Theaterfederatioun, ass Member vum Institut Grand Ducal, souz a munche Juryen, jee, e Wee, deen engem bal den Otem hëlt, wann een zeréckkuckt.

"Mat 27 Joer op d'Schauspillschoul"

De Claude Mangen koum wéi vill anerer iwwer den Duerftheater bei den Theater, hien huet och eng Formatioun um Stater Conservatoire gemaach, Dictioun, Art dramatqiue, Regie an och Dramaturgie. Eng éischt Roll krut hien am Lëtzebuerger Theater, mee de Wëllen no méi war awer do. Jo, de Claude Mangen wollt nach op d'Schauspillschoul goen an huet seng Aarbecht dofir gekënnegt.


"An dat hunn ech mat 27 Joer gemaach, an ech hat dunn och d'Chance ëmmer an déi méi enk Selektioun ze kommen op dräi Schauspillschoulen, dat war eng Kéier Stuttgart, dat war eng Kéier Salzburg a Frankfurt, mee Frankfurt war ech net esou wäit komm. Mee Salzburg a Stuttgart war ech an den Endronnen, déi hu mer gesot: Eh, du bass 27 Joer, du bass vill ze al, an du bass och scho vill ze vill forméiert, mer kënne näischt méi mat der maachen."


De Claude Mangen huet dunn awer zu Wien an Zürech als haaptberuffleche Schauspiller geschafft, éier de Wee hien dunn als Programmchef bei de radio 100,7 geféiert huet.

E Comeback als Acteur ass méiglech

Den Ament ass de Claude Mangen Direkter vum Mierscher Kulturhaus, an dat wëllt hien och nach eng Rei Jore bleiwen, besonnesch well hien nach e puer Projeten souwuel raimlech wéi vum Contenue hier realiséiere wëllt. An dann hält hien awer zu Miersch op, ouni och duerno nach mussen hei an do a Verwaltungsréit ze sëtzen oder nach iergendwéi als, wéi hie selwer seet, "Has been" ze agéieren. Hie wëllt, wann et esouwäit ass, Plaz maachen.


"An da kann et sinn, datt eppes, wat elo laang, laang geschlummert huet, nämlech Spillen, erëm waakreg gëtt. Well fir ze spille muss de fräi am Kapp sinn. Da kanns de net nach e Radio geréieren oder e Kulturhaus an eng Ekipp. A vläicht ass da Plaz am Kapp fir sech méi der Bün, wann ech dann al an daddereg sinn, a wann dann d'Luucht ugeet, villen ech mech erëm fit."


Kultur
Politik a Gesellschaft

Episoden

Nico Wege: E Liewe fir den Drumset

Nico Wege: E Liewe fir den Drumset

Eng Rees mam Drummer, Museker a Komponist zeréck an d'Zäit vun de grousse Baler mat der bekannter Cover-Band Fascination
headphones

73 min

play_arrow
Irina Holzinger

Irina Holzinger

D'Sängerin a Songwriterin ass d'Invitée.
headphones

67 min

play_arrow
Raoul Migliosi: "Ech hat kee richtege Plang B"

Raoul Migliosi: "Ech hat kee richtege Plang B"

De jonke Lëtzebuerger professionellen Acteur ass den Invité.
headphones

65 min

play_arrow
Anne Rose Terebesi: "Ech weess net, wou meng Energie hierkënnt"

Anne Rose Terebesi: "Ech weess net, wou meng Energie hierkënnt"

D'Pianistin a Museksenseignante vu Bernkastel ass Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Timo Wagner: Leeschtungssportler a Schauspiller

Timo Wagner: Leeschtungssportler a Schauspiller

"Zwei Seelen wohnen, ach! in meiner Brust", d'Zitat aus dem Goethe sengem "Faust" passt gutt op den Invité.
headphones

58 min

play_arrow
Christiane Kremer: "D'Langweil ass de Luxus vun de Gestressten"

Christiane Kremer: "D'Langweil ass de Luxus vun de Gestressten"

No iwwer 35 Joer Presenz op den RTL-Antennen ass d'Christiane Kremer an d'Pensioun gaangen, ouni awer manner aktiv ze sinn. E Gespréich iwwer e räicht Radiosliewen
headphones

57 min

play_arrow
Nico Wege: E Liewe fir den Drumset

Nico Wege: E Liewe fir den Drumset

Eng Rees mam Drummer, Museker a Komponist zeréck an d'Zäit vun de grousse Baler mat der bekannter Cover-Band Fascination
headphones

73 min

play_arrow

Buffalo C. Wayne

De Lëtzebuerger Country- a Western-Museker Buffalo C. Wayne kuckt zeréck op seng 40-järeg Karriär an huet och en neien Album matbruecht.
headphones

54 min

play_arrow
Irina Holzinger

Irina Holzinger

D'Sängerin a Songwriterin ass d'Invitée.
headphones

67 min

play_arrow
Steve Karier: "Ech hat kee Plang B"

Steve Karier: "Ech hat kee Plang B"

Den Acteur a Festivaldirekter Steve Karier ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Rom Helbach: Mam Vëlo a Fotoapparat

Rom Helbach: Mam Vëlo a Fotoapparat

E Cyclist, dee fotograféiert oder e Fotograf, dee Vëlo fiert, ass bestëmmt net falsch, wann et ëm den Invité hei geet.
headphones

72 min

play_arrow

Thierry Faber: "Capitani huet mäi Liewen komplett verännert"

De Createur, (Co-)Zeenarist a Showrunner - Kapp a Papp vu "Capitani" ass am Studio.
headphones

54 min

play_arrow

Jean-Guillaume Weis: De Kierper am Déngscht vun der Expressioun

Den Dänzer a Choreograf erzielt iwwer säi Liewen als Dänzer.
headphones

56 min

play_arrow

Andy Genen: "Een Zeechner ass een Handwierker"

De professionellen Zeechner, deen ënner dem Label ND publizéiert, war Invité am Mee 2022.
headphones

56 min

play_arrow
Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

De Lëtzebuerger Comedian, Model an Acteur ass Invité.
headphones

51 min

play_arrow
Anne Schroeder: "Als Fra solidaresch sinn"

Anne Schroeder: "Als Fra solidaresch sinn"

Si ass Realisatrice a Produzentin. Documentairë sinn hiren Dada, a si vermëscht Temoignagë mat Archivbiller.
headphones

56 min

play_arrow

Jan Østergaard - E Liewe fir de Vëlo

Dee fréiere professionelle Cyclist an der Disziplin Stroossevëlo, um Mountainbike oder am Cyclocross huet grad d'Pensioun geholl. Hie kuckt zeréck op seng Karriär.
headphones

55 min

play_arrow

Léa Linster: "Aus deem Einfachsten dat Bescht maachen"

D'Stären- a Spëtze-Kächin ass Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Jil Devresse: Vum Lycée bei d'Schauspill

Jil Devresse: Vum Lycée bei d'Schauspill

Déi jonk Lëtzebuerger Actrice, bekannt aus der éischter Staffel vum Lëtzebuerger Krimi "Capitani", ass d'Invitée.
headphones

68 min

play_arrow
Anne Rose Terebesi: "Ech weess net, wou meng Energie hierkënnt"

Anne Rose Terebesi: "Ech weess net, wou meng Energie hierkënnt"

D'Pianistin a Museksenseignante vu Bernkastel ass Invitée.
headphones

56 min

play_arrow