Sot emol
Christiane Kremer: "D'Langweil ass de Luxus vun de Gestressten"
57 min

Iwwer 35 Joer huet d'Christiane Kremer zu de bekanntste Stëmmen hei am Land gehéiert, iwwer 35 Joer laang war si op der Antenn vun RTL-Radio Lëtzebuerg ze héieren, fir d'Leit ze ënnerhalen, an de Beräicher Sport a virun allem och Kultur.
D'Christiane Kremer geet elo en neie Wee, deen an d'Pensioun, ouni awer manner aktiv ze sinn. De Radio ass wuel net ganz eriwwer fir d'Christiane Kremer, mee e wäert awer vill manner Zäit an hirem Alldag anhuelen. D'Pensioun ass nach eng ganz frësch Erfarung, wou ee sécher nach op der Sich ass.
De Jean Claude Majerus ënnerhält sech mat der Christiane Kremer iwwer e ganz räicht Radiosliewen.
Episoden

Nico Wege: E Liewe fir den Drumset
Eng Rees mam Drummer, Museker a Komponist zeréck an d'Zäit vun de grousse Baler mat der bekannter Cover-Band Fascination
Buffalo C. Wayne
De Lëtzebuerger Country- a Western-Museker Buffalo C. Wayne kuckt zeréck op seng 40-järeg Karriär an huet och en neien Album matbruecht.

Irina Holzinger
D'Sängerin a Songwriterin ass d'Invitée.

Steve Karier: "Ech hat kee Plang B"
Den Acteur a Festivaldirekter Steve Karier ass Invité.

Rom Helbach: Mam Vëlo a Fotoapparat
E Cyclist, dee fotograféiert oder e Fotograf, dee Vëlo fiert, ass bestëmmt net falsch, wann et ëm den Invité hei geet.
Thierry Faber: "Capitani huet mäi Liewen komplett verännert"
De Createur, (Co-)Zeenarist a Showrunner - Kapp a Papp vu "Capitani" ass am Studio.
Jean-Guillaume Weis: De Kierper am Déngscht vun der Expressioun
Den Dänzer a Choreograf erzielt iwwer säi Liewen als Dänzer.
Andy Genen: "Een Zeechner ass een Handwierker"
De professionellen Zeechner, deen ënner dem Label ND publizéiert, war Invité am Mee 2022.

Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"
De Lëtzebuerger Comedian, Model an Acteur ass Invité.

Anne Schroeder: "Als Fra solidaresch sinn"
Si ass Realisatrice a Produzentin. Documentairë sinn hiren Dada, a si vermëscht Temoignagë mat Archivbiller.
Jan Østergaard - E Liewe fir de Vëlo
Dee fréiere professionelle Cyclist an der Disziplin Stroossevëlo, um Mountainbike oder am Cyclocross huet grad d'Pensioun geholl. Hie kuckt zeréck op seng Karriär.
Léa Linster: "Aus deem Einfachsten dat Bescht maachen"
D'Stären- a Spëtze-Kächin ass Invitée.

Jil Devresse: Vum Lycée bei d'Schauspill
Déi jonk Lëtzebuerger Actrice, bekannt aus der éischter Staffel vum Lëtzebuerger Krimi "Capitani", ass d'Invitée.
