Retromania
Ulrich Mühe: "Den introvertéierten Acteur"
6 min
Quasi um Héichpunkt vu senger Kinoskarriär ass deen däitsche Film- a Theateracteur Ulrich Mühe gestuerwen. Am Mäerz 2007 war den Ulrich Mühe zu Los Angeles nach mat derbäi, wéi dem däitschen Cineast Florian Henckel von Donersmarck säi Stasi-Film "Das Leben der Anderen" den Oscar fir dee beschten auslännesche Film gewonnen huet. An datt dee Film dee Präis krut, ass och de Merite vum Ulrich Mühe, well hien huet d'Haaptroll vum Stasi-Offizéier Gerd Wiesler gespillt. Véier Méint no deem groussen Dag fir den däitsche Film koum Nouvelle, datt den Ulrich Mühe gestuerwen ass. Dat sinn ewell scho 15 Joer hier.