arrow_back_ios
Retromania
Carlos Santana: "De Meeschter vum Latin-Rock"
headphones
11 min
Lauschteren
play_arrow
De Musekgenre Latin Rock ass aus dem Verschmëlze vu Rockmusek a latäinamerikanesche Rhythmen entstanen. Beim Latin-Rock gi Rockinstrumenter mat Perkussiounsinstrumenter a ganz dacks och fir latäinamerikanesch Musek typesch Piano-Riffs mateneen kombinéiert. Mir schwätzen vu Latin Rock well säi Kreateur haut Gebuertsdag huet. Et ass de Museker a Gittarist Carlos Santana, deen dëse Museksgenre Enn den 1960er Joren kreéiert an domat déi ganz Rockmusek markéiert huet. De Santana kritt haut 75 Joer.