Retromania
Georg Kreisler: "Wonnerbar, grujeleg Lidder"
16 min
Den éisträichesche Komponist, Chansonnier, Kabarettist, Satiriker a Schrëftsteller mat amerikaneschem Pass Georg Kreisler gouf duerch säin éischter makabere Witz engem grousse Publikum bekannt. A spéitstens zanter sengem Lidd "Tauben vergiften im Park" ass hien e Meeschter vum, wéi een am Däitsche seet, "schwaarzen Humor". De Georg Kreisler, deen nach ëmmer vill ze soen huet, an dat och duerch seng Texter mécht, hätt gëschter 100 Joer kritt. Hien ass den 22. November 2011 am Alter vun 89 Joer gestuerwen.